E Wand ass eng einfach landwirtschaftlech Maschinn déi fréier op de Bauerenhäff benotzt gouf fir d'Kären ze botzen.

E Wand als Blummendëppen

E Wand besteet aus dräi Haapdeeler, an zwar aus engem Rad mat Schauten, fir eng Loftbeweegung de Wand ze produzéieren, aus engem Loftkanal, an aus engem trapez- oder pyramidefërmegen Triichter deen iwwer dem Loftkanal ubruecht ass.

D'Loftrad besteet aus enger Achs op där kleng hëlze Schaute festgemaach sinn, an ass an enger ronner horizontaler Këscht festgemaach. Et ka mat enger Handkuerbel oder vun engem klengen elektresche Motor ugedriwwe ginn. Am Loftkanal deen no hanne méi schmuel gëtt, entsteet duerch d'Dréine vum Rad eng séier Loftbeweegung déi ausgenëtzt gëtt fir de Stëbs an d'Schéken déi nach mat de Käre vermëscht sinn, erauszeblosen. Dat geschitt doduerch datt d'Kären déi an den Triichter geschott ginn, an dee Kanal falen, an dat méi liicht Material, wéi de Stëbs an d'Schéken erausfléien, an d'Kären déi méi schwéier sinn, no ënnen op eng Rëtsch falen, vun där se weider an e Kuerf oder e Sak weiderrutschen.

Fir datt d'Maschinn liicht ka geréckelt ginn, huet se zwee, normalerweis einfach stole Rieder, an zwéin Handgrëffer, sou datt een domat wéi mat enger Schubbkar ka fueren.

Um Spaweck änneren

Commons: Wanden – Biller, Videoen oder Audiodateien