Wanamaker Mile

D'Wanamaker Mile ass e Meilelaf an der Hal deen all Joer bei de Millrose Games zu New York ausgedroe gëtt. E krut säin Numm zu Éiere vum Geschäftsmann Rodman Wanamaker.

Déi éischt Course gouf 1926 am Madison Square Garden gelaf,[1] an duerno all Joer op derselwechter Plaz bis 2012. Vun do u gëtt se am Armory am Upper Manhattan ausgedroen.[2]

De Lëtzebuerger Olympionik Josy Barthel hat déi Course 1954 gewonnen.

ReferenzenÄnneren

  1. The Greatest Indoor Race In History]
  2. From Good Times at the Garden to a New Era at the Armory