E Waasserbiz oder Waasserbuz ass e Kachgeschier, meeschtens aus Metall, fir Waasser un d'Kachen ze bréngen, andeems een en op eng Hëtztquell (oppe Feier, Uewen, Kachmaschinn,...) setzt.

E Biz op engem Uewen
En elektresche Biz

Eng Zort Bizen hunn en Deckel, deen een op mécht, fir d'Waasser dran ze schëdden, bei anere gëtt d'Waasser duerch d'Zull agefëllt. Dann huet e Biz eng Hänk oder e Grëff, fir en unzepaken, an eng Zull, duerch déi een d' Waasser erausschëdde kann. Dacks ass op där Zull eng Päif drop, déi een erofhuele kann. Dës Päif mécht en akustescht Zeechen wann de Waasserdamp derduerchgepresst gëtt a signaliséiert sou, datt d'Waasser kacht.

Elektresch Bizen änneren

Elektresch Bize kënne vun der Form a vum Material hir den traditionelle Bize gläichen, se kënnen awer och aus Plastik sinn. Déi meescht sinn ouni elektresch Schnouer a ginn an e Sockel mat Kontakter gesat, op deem se opgehëtzt ginn. En automatesche System schalt de Stroum af wann de Kachpunkt erreecht ass, fir ze verhënneren datt de System duerch Iwwerhëtze beschiedegt gëtt.

Um Spaweck änneren

Commons: Kettles – Biller, Videoen oder Audiodateien