De Waasserbüffel (Bubalus arnee) gehéiert zu de Ranner (Bovinae) an ass déi am meeschte verbreet a bekannt Aart vun den Asiatesche Büffelen (Bubalus). Op ville Plazen ass et en Hausdéier ginn, sou datt wëll Waasserbüffelen haut eng Raritéit sinn. Déi wëll Forme vum Waasserbüffel ginn och alt Arni genannt.

Waasserbüffel

Systematik
Famill: Bovidae
Ënnerfamill: Bovinae
Gattung: Bubalus (Asiatesche Büffel)
Aart: Waasserbüffel
Tribus: Bovini (Ranner)
Wëssenschaftlechen Numm
Bubalus arnee
Kerr, 1792

Charakteristiken änneren

 
E Schiedel
 
Populatioune vu wëlle Waasserbüffelen
 
Wëll Waasserbüffelen am Kaziranga-Nationalpark, Assam, Indien
 
Waasserbüffelen am Yala-Nationalpark, Sri Lanka

De Waasserbüffel gëtt vu Kapp bis Hënner bal 3 Meter laang, op Schëllerhéicht ronn 180 Zentimeter grouss an huet e Gewiicht vu méi wéi enger Tonn. Déi domestizéiert Exemplare si gewéinlech däitlech méi kleng a méi liicht, a weien hallef sou vill. Déi wëll Exemplare si gro, brong oder schwaarz, bei deenen domestizéierte gëtt et och schwaarz-wäiss gefleckt oder ganz wäiss Béischten.

De Kapp ass laang an no vir hi relativ schmuel; d'Ouere si vergläichweis kleng. Männlech wéi weiblech Exemplaren hunn Haren, déi entweeder riichtewech no bausse stinn, oder an engem Hallefkrees no banne gekrëmt sinn. Hir Spëtzte kënne bis zu 2 Meter ausernee leien, méi wéi bei allen anere Ranner. Bei de Kéi, an och bei verschiddene geziichte Rassen, si se méi kleng.

Waasserbüffele ginn an der fräier Natur eng 25 Joer al, wa se vum Mënsch versuergt ginn, och alt e Strapp méi.

Den Habitat vu wëlle Waasserbüffelen sinn oppe Fiichtgebitter, suppeg Bëscher an dicht bewuesse Flossdäller. Fir manner vu Gedéiesch geplot ze sinn, a fir sech ofzekillen, si se gär am Waasser oder am Bulli. Déi gedréchent Bulliscouche schützt se dono virun Insekten, déi picken.

Si liewen an Träpp vu ronn 30 Béischten, déi vun enger aler Kou ugefouert ginn. Sou en Trapp besteet aus Kéi mat hire Kaalwer. D'Stéiere ginn, wa se bis 2 Joer hunn, aus dem Trapp verdriwwen. Si schléisse sech dann zu hirer 10 a sougenannte Jonggeselleverbänn zesummen. Temporär si s'och Eenzelgänger, ma an der Zäit wann d'Kéi uesseg sinn, siche s'Uschloss un en Trapp. Déi al Kou behält awer do de Kommando, a verjot de Stéier, wann e säi Soll erfëllt huet.

Eng Kou kritt ongeféier all zwee Joer e Kallef. Dat gëtt no enger Truecht vun 333 Deeg gebuer a weit dann eng 40 Kilo. Et gëtt en halleft Joer laang geniert, bis et grouss genuch ass fir selwer Gras ze friessen. Mat zwee bis dräi Joer si se geschlechtsräif.

Verbreedung änneren

Zanter der Äiszäit geet den Territoire vum wëlle Waasserbüffel kontinuéierlech zeréck. Nach am spéide Pleistozen ass en an Nordafrika virkomm. Zu der Zäit vun de fréien Héichkulture waren se vu Mesopotamien iwwer Indien bis a China an a Südostasien verbreet.

Haut ass de wëlle Waasserbüffel vun der IUCN op der Rouder Lëscht vun den Aarten a Gefor als "staark a Gefor" (Endangered) klasséiert. Well et schwéier ass z'ënnerscheeden, wat "echt" wëll Waasserbüffele sinn, a wat verwëlderter, sinn d'Schätzunge vun hirem Bestand tëscht 200 bis 4000 Stéck. Déi meescht dovu liewen an Indien. Déi aner sinn op kleng Bestänn a Südostasien verspreet: 150 am Nepal, eng 50 an Thailand, e puer Dosen am Kambodscha.

Domestizéiert Waasserbüffele gëtt et dergéint ronn 150 Milliounen uechtert d'Welt. Ma hir Zuel hëlt of, well se als Zuchdéiere fir de Plou ëmmer méi vu Maschinnen ersat ginn. Och a Süditalie gi se gehale fir aus hirer Mëllech Mozzarella ze maachen.

Um Spaweck änneren

Commons: Bubalus bubalis – Biller, Videoen oder Audiodateien