E Wënzer oder eng Wënzerin ass eng Persoun, déi am Wäibau schafft. Dat heescht, datt si landwirtschaftlech Fläche mat Wäiriewe bewirtschaften, deenen hirer Friichten (d'Wäindrauwen) fir d'Produktioun vum Wäi bestëmmt ass.

E Wënzer schafft un de Wäiriewen.
D'Wënzerin Nancy Ponzi réiert an enger Bidde mat Drauwen.

Et gëtt vill Wënzer, déi selwer Wäin aus hiren eegenen Drauwe maachen; anerer liwweren hir Drauwen u Wäinhändler oder Wënzergenossenschaften. Eng grouss Wäigenossenschaft zu Lëtzebuerg ass zum Beispill d'Vinsmoselle. D'Aarbecht vum Wäibauer erfuerdert am Allgemengen d'Ënnerstëtzung vu Saisonsaarbechter, besonnesch wärend der Drauwelies.

Wënzer si fir de ganze Produktiounsprozess vu Wäi verantwortlech, an dat vum Ubau vun den Drauwe bis hin zur Vermaartung vum fäerdege Wäin. Dozou zielt d'Planze vun de jonke Riewen, d'Schneide vun de Riefstäck, d'Kontrolléiere vum Onkraut an d'Bekämpfe vun de Schädlingen. Zeideg Drauwe gi mat der Hand oder mat der Maschinn gelies an dann entweeder am eegene Betrib oder auswäerts gekeltert. Mat Hëllef vu Pressen, Filteren an aneren techneschen Anlage ginn d'Drauwen dann ausgepresst. D'Wënzer iwwerwaachen a steieren dann de Gärungsprozess. Si fëllen de fäerdege Wäin dann an d'Fläschen of, déi etikettéiert a verpaakt ginn. Och de Marketing an d'Berode vum Client kënne zu den Aufgabe vum Wënzer zielen.[1],[2]

Am Franséischen ënnerscheet een tëscht dem "viticulteur", deen d'Drauwen ubaut; dem "viniculteur" oder "vinificateur", deen nëmmen de Wäi mécht; an dem "vigneron", deen Drauwen ubaut an doraus och Wäi mécht.[3],[4]

Zu Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Lëtzebuerger Wäibauinstitut d'Wënzer bei hirer Aarbecht. D'Interesse vun den onofhängege Wënzer, déi net zu enger Genossenschaft gehéieren, gi vun der Organisatioun Privatwënzer Lëtzebuerg vertrueden.[5],[6]

Kuck och

änneren
  • Önologie, d'Wëssenschaft vum Wäin a vun der Wäiproduktioun.

Um Spaweck

änneren
Commons: Wënzer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. (de)Winzer/in - Ausbildungsberuf. Bundesagentur für Arbeit. Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.
  2. (de)Was macht ein Winzer?. agrajo.com (2. Juni 2021). Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.
  3. (fr)Lydia Delahaigue, Viticulteur et vigneron : connaissez-vous la différence ?. 1envie1vin.com. Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.
  4. (fr)Nathan Vulsteke, Quelles sont les différences entre vinificateur, viticulteur et vigneron ?. lefigaro.fr (15. Mäerz 2024). Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.
  5. Formellen Numm: Organisation professionelle des viticulteurs indépendants (OPVI)
  6. (fr)À propos de nous. privatwenzer.lu. Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.