Eng Wäschmaschinn ass eng Maschinn, mat där ee Kleeder wäscht. Déi éischt primitiv Wäschmaschinne goufen et schonn am 17. Joerhonnert. Den elektresche Modell gouf 1910 entwéckelt. Eng modern Wäschmaschinn brauch generell e Stroum-, Waasser- an Ofwaasseruschloss. Déi meescht Wäschmaschinnen an Europa hunn eng Trommel, déi sech ëm eng horizontal Achs dréint.

Eng Wäschmaschinn

Si funktionéiert mat engem Zyklus (de Wäschgank), deen a verschidden zäitlech Phasen opgedeelt ass:

  • Aweechen: net ëmmer néideg; fir bestëmmte Knascht lasszeléisen
  • Virwäsch: fir grouss Knaschtquantitéiten erauszespullen (Bulli, Stëbs, Sand...)
  • Haaptwäschgank: de Knascht gëtt aus der Wäsch geléist
  • Spullen: de Rescht vum Waasser an de Knascht, dee lassgeléist gouf, ginn an e puer Gäng erausgespullt
  • Duussspullen/Steiwen: Fleegeproduiten, déi an der Wäsch bleiwe sollen, ginn an engem leschte Spullgank eragespullt
  • Essoréieren oder Schleideren: déi naass Wäsch gëtt entwässert

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Wäschmaschinnen – Biller, Videoen oder Audiodateien