Wäschléngt
Eng Wäschléngt ass en Drot, dacks mat Plastik iwwerzunn, oder och eng zolidd Nylonsschnouer, un déi d'Wäsch gehaange gëtt fir ze dréchnen. D'Wäsch ka mat Wäschklameren un der Wäschléngt festgemaach ginn.
Eng Wäschléngt ka baussent dem Haus am Haff oder dem Gaart oder um Balcon oder op der Terrass installéiert ginn. Si kann och am Haus selwer hänken, meeschtens an engem Raum, an deem d'Fiichtegkeet, déi optrëtt, kee grousse Schuet mécht, wéi zum Beispill am Keller oder am Buedzëmmer.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Wäschlengten – Biller, Videoen oder Audiodateien |