Wäschbuer

(Virugeleet vu(n) Wäschbur)

E Wäschbuer ass eng Installatioun, déi fréier dozou gedéngt huet, datt d'Leit aus enger Uertschaft oder engem Quartier hir Wäsch mat fléissendem Waasser maache konnten.

Wäschbuer mat Fassellen zu Cambo-les-Bains
Wäschbuer zu Grand-Failly

Dofir goufe Wäschbuere meeschtens laanscht eng Baach oder do, wou eng Quell aus dem Buedem koum, opgeriicht. Meeschtens ware se gedeckt an eng grouss Partie hat och Mauere ronderëm.

D'Plaz fir ze wäsche bestoung aus e puer Basengen oder Fassellen, déi an enger Rei stoungen. D'Basenge fir ze wäsche waren déi, déi am nooste beim Auslaf waren, an déi fir d'Wäsch ze schwenke waren déi, déi beim Alaf vum Waasser waren. D'Basenge waren net déif, knapps en hallwe Meter, an um baussenzege Bord dovu war eng hëlzen oder bëtongs Plattform, op där d'Wäsch geschruppt a geklappt gouf.

A verschiddenen Uertschafte gouf et och privat Wäschbueren, wéi z. B. zu Pontoise, wou d'Haiser laanscht d'Viosne am Keller eng Wäschplaz haten, déi direkt op d'Baach op war.

Um Spaweck änneren

Commons: Wäschbueren – Biller, Videoen oder Audiodateien