De Wäissert war bis an d'éischt Véierel vum 20. Joerhonnert d'Bezeechnung fir en Händler an Handwierker, deen de Kallek geliwwert huet fir d'Haiser ze wäissen, an deenen, déi net woussten domat ëmzegoen, beim Ustrach gehollef huet. Hien huet sech bei senge Reesen uechtert d'Land no de Kiermesse geriicht, well et Brauch war d'Haiser kuerz virun der Kiermes frësch erauszebotzen.

Ee vun de leschte Wäisserte war de Misch Meyers (1876-1927), genannt de Wäissmisch, e gebiertegen Nojemer, dee sech zu Iechternach etabléiert hat. De Kallek krut e vun der Famill Dieschbourg, déi zu Iechternach an der Aleft Kallek gebrach huet, deen dann an der Krunn (rue Krunn) gebrannt gouf.

E beléifte Spëtznumm fir d'Veiner Leit war Wäisserten.

Kuckt och änneren