D'Votivkierch vu Wien, déi un der Wiener Ringstrasse am Wiener Bezierk Alsergrund net wäit vum Haaptgebai vun der Universitéit Wien läit, ass eent vun de bedeitendsten neigotesche reliéise Gebaier vun der Welt. De Bau geet op d'Attentat op de Keeser Franz Joseph I. den 18. Februar 1853 duerch de Schneidergesell Janos Libényi zeréck.

D'Votivkierch owes.

De Brudder vum Franz Joseph, den Äerzherzog Ferdinand Maximilian, de spéidere Keeser vu Mexiko, huet nom Attentat "zum Dank für die Errettung Seiner Majestät" zu Spenden opgeruff, fir zu Wien eng nei Kierch ze bauen. D'Kierch sollt als Votivdon vun de Vëlker vun der Monarchie fir d'Rettung vum Franz Joseph gebaut ginn. 300.000 Bierger sinn dem Spendenopruff gefollegt. Am neien Doum sollten all Natiounen hir geeschteg a politesch Heemecht fannen.

De Kierchebau gouf an engem Architekteconcours am Abrëll 1854 ausgeschriwwen, 75 Projete vun Architekten aus der Donaumonarchie, Däitschland, England a Frankräich goufen agereecht. D'Jury huet sech fir de Projet vum deemools 26-järegen Architekt Heinrich Ferstel entscheet. Ursprénglech war fir d'Kierch eng Bauplaz an der Géigend vum Schlass Belvedere geplangt. Dës Iddi gouf awer nees verworf, well déi Lag net zentral genuch war. Schlussendlech gouf als Bauplaz e Gebitt vum Glacis an der Alservirstad erausgesicht. De Grondstee gouf de 24. Abrëll 1856 vum Keeser Franz Joseph a vum Kardinol Rauscher a Presenz vun 80 Äerzbëscheef a Bëscheef geluecht.

De Bau vun der Kierch huet schliisslech iwwer 20 Joer gedauert. Fir d'éischt goufen d'Fëllementer vum Chouer geluecht, an de Chouer gebaut, deen 1857 bis op d'Héicht vun den Absidialkapell gaangen ass, an zesumme mam Kräizschëff bis 1859 op d'Héicht vun de Säiteschëffer erhéicht gouf. 1860 goufen d'Fëllementer vun den Tierm ausgehuewen, an de Laangbau gouf bis op d'Héicht vun de Säiteschëffer bruecht. 1861 hat déi ganz Kierch d'Héicht vun de Säiteschëffer erreecht. Vun 1862 bis 1863 goufen d'Tierm an d'Laanghaus bis op d'Héicht vum Haaptschëff bruecht, 1864 gouf mam Kräizschëff ugefaangen an d'Tierm goufe bis zum mëttelsten Daachgiewel erhéicht. Eng besonnesch Energie huet de Ferstel fir de Bau vun den Tierm investéiert, well dacks bei grousse Kierchen d'Tierm ni fäerdeggestallt goufen. Mat enger Subventioun vun 150.000 Gulden vum Wiener Gemengerot konnten d'Tierm den 18. August 1868, am zéngte Baujoer fäerdeggestallt ginn. 1872 gouf d'Kiercheschëff schliisslech agewëlleft an e Joer drop goufen d'Daachstill aus Eisen opgesat. Et huet nach weider sechs Joer gedauert, bis d'Kierch ganz fäerdeggebaut war. No 23 Joer Bauzäit konnt d'Kierch schliisslech de 24. Abrëll 1879 zu der Sëlwerhochzäit vun der Keeserkoppel geweit ginn.

Tëscht 1862 an 1918 war d'Votivkierch op Unuerdnung vum Keeser Franz Joseph I. d'kathoulesch Garnisounskierch vu Wien.

Um Spaweck

änneren
Commons: Votivkierch – Biller, Videoen oder Audiodateien