Volvo
D'Volvo Group (vum laténgesche volvo "ech rullen") ass haut e schweedeschen Constructeur vun Aarbechtsmaschinnen, Camionen a Busser.
Volvo | |
---|---|
Grënnungsdatum | 1927 |
Sëtz | Göteborg |
President | Carl-Henric Svanberg |
Mataarbechter | 94.914 |
(2016) | |
Branche | Automobilindustrie |
Homepage | https://www.volvogroup.com/ |
Volvo gouf 1927 als Automobilsconstructeur gegrënnt, wat awer mëttlerweil net méi zur Volvo-Grupp gehéiert. D'Volvo Car Corporation gouf 1999 u Ford, an duerno un de chineeseschen Autosconstructeur Geely verkaaft. Volvo Group a Volvo Car Corporation sinn zwéi komplett vunenee getrennt Konzerner, déi béid awer hire Sëtz um selwechten Terrain zu Göteborg hunn.
D'Volvo-Grupp produzéiert mëttlerweil Busser, Baumaschinnen a Camione fir d'Marke Volvo Trucks, Renault, Mack an Nissan. Och d'Subentreprise Volvo Penta, déi Schëffsmotore baut, gehéiert zur Volvo Group.
Um Spaweck
ännerenCommons: Volvo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Websäit vu Volvo Group.