Voiture I6 SNCB
Stéckzuel: 75
Constructeur: Eurofima
Baujoren: 1973-1977
Ausmusterung: Nach a Betrib
Déngschtmass: 42 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 26400 mm
Héicht: 4050 mm
Héchstvitesse: 160 km/h / 200 km/h[1]
Alimentatioun: 1,5 kV Gläichstroum
3 kV Gläichstroum
15 kV 16 ⅔HzWiesselstroum
25 kV Wiesselstroum 50Hz

D'Voituren I6 sinn eng Serie vu belsche Reesvoiturë fir den internationalen Trafic. Wéi all d'Voiturë mat RIC, si s'an de meeschten europäesche Länner zougelooss.

Asaz änneren

  • Geleeëntlech um Interregio m tëscht Liers a Lëtzebuerg, zesumme mat Voituren aus der Serie I10. Well se Kompartimenter hunn, déi vum Zuchpersonnal nëmme schwéier anzegesinn sinn, si s'am Juni 2010 bal ganz verschwonnen. Grond war datt se dacks knaschteg waren an den Entretien dacks mangelhaft war.[2]
  • Express Vauban an Express Iris.
  • Vereenzelt InterCity-Zich tëscht Bréissel an Amsterdam.
  • P Zich uechtert d'Belsch.

Technesches änneren

D'SNCB huet am Ablack:

  • 20 A9, mat 58 Plazen éischt Klass.
  • 60 B11, mat 66 Plazen zweet Klass.

Livréen änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Ëmbau vun I6 an I10 fir 200 km/h.
  2. Annonce vum Verschwanne vun den I6 vum IR M op rail.lu