Voies navigables de France
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Voies navigables de France, gekierzt VNF, ass déi national Verwaltung vun de Waasserstroossen a Frankräich. Se gouf 1991 gegrënnt an huet d'Aufgab fir déi schëffbar Bannegwässer z'entwéckelen, z'erhalen an ze bedreiwen. D'VNF huet ongeféier 4.400 Mataarbechter a hire Sëtz ass zu Béthune am Departement Pas-de-Calais. Se ënnersteet dem Ministère de l'Écologie, de l'Energie, du Développement durable et de l'Aménagement du territoire.
Voies navigables de France | |
---|---|
![]() | |
![]() | |
Grënnungsdatum | 29. Dezember 1990 |
Sëtz | Béthune |
President | Laurent Hénart |
Mataarbechter | 4.350 |
(2022) | |
Homepage | http://www.vnf.fr |
![]() |
A Frankräich gëtt et am Ganze ronn 8.500 Kilometer schëffbar Waasserstroossen, vun deenen d'VNF der 6.700 selwer geréiert. De Rescht gëtt vu regionalen Organisatiounen assuréiert. Den Haaptreseau begräift 4.100 km, dovu sinn 2.000 km fir Schëffer mat enger Lued-Capacitéit vu méi wéi 650 Tonnen (grand gabarit) ausgeluecht a leien a follgende Revéieren:
Déi aner Waasserstroosse kënne just vu méi klenge Schëffer (petit gabarit) befuer ginn.
Um Spaweck
ännerenCommons: Voies navigables de France – Biller, Videoen oder Audiodateien |