Vladimir Kouznetsov

franséisch-russeschen Äishockeyspiller an -trainer

De Vladimir Kouznetsov, oder Wladimir Kusnezow (ru: Владимир Кузнецов), gebuer de 27. Juni 1955 zu Perm a Russland, ass e franséisch-russeschen Äishockeyfonctionnaire a fréieren Äishockeyspiller op der Stiermer-Positioun[1],[2].

Vladimir Kouznetsov
Gebuer 27. Juni 1955
Perm
Nationalitéit Russland, Frankräich
Aktivitéit Äishockeyspiller, Äishockeytrainer

De Kouznetsov huet seng Spillercarrière 1990 ugefaangen an am Joer 2003 opgehalen. Hien huet a senger Carrière fir de Moselle Amnéville HC aus der franséischer 2. Divisioun gespillt. Zanter 2010 gouf hien als Trainer bekannt : vun 2010 bis 2012 war de Kouznetsov Trainer vum HC Metz, a vun 2012 bis 2015 war hien den Haapttrainer vum Tornado Luxembourg a vun der Lëtzebuerger Äishockeynationalekipp[1].

De Vladimir Kouznetsov ass de Papp vum Äishockeyspiller a -fonctionnaire Genia Kouznetsov[1].

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 http://www.eliteprospects.com/player.php?player=151466
  2. http://www.icehockey.lu/index.php?site=page&id=staff&sid=vladimir-kouznetsov-39