Viswanathan Anand

indesche Schachspiller
Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Viswanathan[1] Anand, och „Vishy“ genannt, gebuer den 11. Dezember 1969 zu Chennai fréier Madras, Tamil Nadu, ass en indesche Schachspiller. De Groussmeeschtertitel krut hien am Joer 1985. Hie war vun 2000 bis 2002 FIDE-Weltmeeschter a vun 2007 bis 2013 de 15. eleng unerkannte Schachweltmeeschter zanter dem Wilhelm Steinitz, bis e vum Magnus Carlsen ofgeléist gouf.

Viswanathan Anand
Gebuertsnumm விசுவநாதன் ஆனந்த்
Gebuer 11. Dezember 1969
Nationalitéit Indien
Aktivitéit Schachspiller, Schrëftsteller
Huet matgemaach bei Schachweltmeeschterschaft 2010
Aktuell
Elo-Zuel
2.751 (Februar 2024)


De Viswanathan Anand, 2005

Seng aktuell Elo-Zuel läit bei 2739 (Januar 2014) a seng maximal erreecht bei 2817 (tëscht Mäerz a September 2011)[2]; domat ass hien dee stäerksten indesche Schachspiller an ass elo op der 9. Plaz an der Weltranglëscht (Januar 2014)[3].

Referenzen

änneren
  1. Viswanathan ass e Patronym a kee Virnumm. Iwwer d'Systematik vun de südindeschen Nimm.
  2. http://ratings.fide.com/id.phtml?event=5000017
  3. http://ratings.fide.com/top.phtml?list=men

Um Spaweck

änneren
Commons: Viswanathan Anand – Biller, Videoen oder Audiodateien