DVilla Collart ass en Härenhaus zu Stengefort aus dem Joer 1904, un der Äisch, tëscht der Märei an der Aler Schmelz.

D'Villa Collart, 2015, virun der Renovéierung
Zum Park zou.

Se gouf vum Schmelzhär Jules Collart fir säi Jong Robert Collart opriichte gelooss.[1] 1910 ass awer de Charles Collart, de Brudder vum Jules, gestuerwen, an dësen huet ë. a. d'Dummeldenger Schmelz an d'Dummeldenger Schlass vun him geierft, soudatt hien, mat sengem Jong, op Dummeldeng geplënnert ass.

D'Villa, déi an zwou Wunnenge mat separaten Entréeën agedeelt war, gouf doropshin u Schmelzdirekteren an Ingenieure verlount, an et goufe Büroen dran ageriicht. An den 1960er Joren[Wéini ?] huet d'Gemeng Stengefort d'Villa kaaft. Bis 2014 war zulescht d'Jugendhaus dran ënnerbruecht.

Vun 2016 bis 2018 gouf d'Gebai, no Pläng vum Architektenbüro Bruck + Weckerle, fir 3,4 Milliounen Euro renovéiert. Zanter Oktober 2018 ass am Rez-de-Chaussée e Restaurant, op den ieweschte Stäck si Säll fir de Syndicat d'initiative, fir Veräiner an Ausstellungen. Och de Park gouf fir eng 800.000 Euro nei amenagéiert, e geet am Fréijoer 2019 op.

D'Villa Collart gouf den 2. Mäerz 2018 als nationaalt Monument klasséiert.[2]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Villa Collart – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Source, wou net anescht uginn: Nicolas Anen: Villa Collart vor neum Kapitel. wort.lu, 10. August 2018.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).