Vigeland-Skulpturepark

(Virugeleet vu(n) Vigeland)

De Vigeland Park ass een Deel vum Frogner Park zu Oslo, der Haaptstad vun Norwegen. Hien huet säin Numm vum bedeitendsten norwegegesche Sculpteur, dem Gustav Vigeland.

Vigeland-Skulpturepark
Lokalisatioun
Land Norwegen
Gemeng Oslo
Koordinaten 59°55'39,6"N, 10°41'56,0"O
Ugeluecht 1907
De Monolith am Vigeland Park

Am sougenannte Vigeland-Park (op Norwegesch:Vigelandparken) sinn 212 vu senge Sculpturen a Bronz, Granit oder Fer forgé opgestallt, déi kuckeswäert sinn a vu villen Touriste besicht ginn.

D'Skulpture stinn an enger Rei vun 850 Meter Längt, déi a fënnef agedeelt ass:

  • d'Haaptentrée
  • d'Bréck mat der Kannerspillplaz
  • de Sprangbur
  • de Monolitheplateau an
  • d'Liewensrad

Dem Vigeland säi Wierk ass vum franséische Kënschtler Auguste Rodin beaflosst. Dës Skulpture gehéieren haut der Stad Oslo, déi als Géigeleeschtung fir den Ënnerhalt vum Viglen bis zu sengem séilegen Enn opkomm ass. Südlech vum Park läit dem Vigeland säi fréieren Atelier mat Skizzen an Ausstellungsstécker, dee besicht ka ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Vigeland-Skulpturepark – Biller, Videoen oder Audiodateien