Victor Zürn
lëtzebuergeschen Zeecheprofesser
De Victor Zürn (Zurn), gebuer de 16. Juni 1918 zu Munneref a gestuerwen den 29. Abrëll 1974 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Zeecheprofesser.
Victor Zürn | |
---|---|
Gebuer | 16. Juni 1918 |
Gestuerwen | 29. Abrëll 1974 |
No sengem Stage am Atheneum ass hien als Professer an de Jongelycée op Esch (LGE) genannt ginn; 1957 koum hien an de Stater Jongelycée (LGL), an 1969 an de Lycée Michel-Rodange (LMRL).
Hie war de Brudder vum Frinn Zürn.
Literatur
änneren- Association des professeurs d'éducation artistique de l'enseignement secondaire et supérieur (APEA): Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg. Impr. St-Paul, Luxembourg 1987, 332 S. (Victor Zurn, S. 166-167).