De Victor Feyder, gebuer den 20. Abrëll 1855 zu Dikrech, gestuerwen den 18. Mee 1918 zu Ettelbréck,[1] war e lëtzebuergeschen Dokter.[2]

Victor Feyder
Gebuer 20. Abrëll 1855
Dikrech
Gestuerwen 18. Mee 1918
Ettelbréck
Aktivitéit Dokter

1883 huet de V. Feyder sech als Dokter zu Ettelbréck niddergelooss.

Am Dezember 1884[2] ass de V. Feyder zesumme mat sengem Confrère Auguste Weber op Berlin gefuer, fir do un de Coursë vum Robert Koch iwwer d'Cholera deelzehuelen. 1885 hunn déi zwéin en detailléierte Rapport doriwwer virgeluecht, deen an der Dréckerei V. Bück erauskoum (cf. Publikatioun).[3]

Publikatioun änneren

  • Weber, A. & V. Feyder, 1885. Bericht der HH. Dr. Weber und Dr. Feyder über ihre Sendung nach Berlin zu den Vorträgen von Hrn. Geheimrath Dr. Koch über die Cholera. Luxemburg, V. Bück, 33 S.

Referenzen änneren

  1. Spedener, G, 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, P. Faber, S. 25.
  2. 2,0 2,1 Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, S. 495.
  3. Massard, J.A. & G. Geimer, 2000. Das Großherzogtum Luxemburg und die asiatische Cholera um die Jahrhundertwende. Scientiarum Historia, 26 (1-2), S. 59.