De Vernon Anthony Walters gebuer den 3. Januar 1917 zu New York, a gestuerwen den 10. Februar 2002 zu West Palm Beach, Florida, war en US-amerikaneschen Zaldot, Geheimdéngschtmann an Diplomat. Hien huet iwwer fënnef Joerzéngte fir aacht verschidde Presidente vun den USA, als antikommunistesche Kämpfer wärend dem Kale Krich geschafft. Am Ufank war en Exekutant a spéider huet en d'Pläng opgestallt fir oppen a verdeckt Operatiounen an der ganzer Welt.

Vernon A. Walters
Gebuer 3. Januar 1917
New York
Gestuerwen 10. Februar 2002
West Palm Beach
Nationalitéit USA
Aktivitéit Diplomat, Dolmetscher
Partei Republikanesch Partei
Member vun United States Army

Bekannt gouf hien awer eréischt am leschten Drëttel vu senger Carrière, wéi hie vun 1972 bis 1976 Sous-Direkter bei der CIA gouf, a vun 1985 bis 1989 Ambassadeur vun den USA bei der UNO, a vun 1989 bis 1991 Ambassadeur an Däitschland war.