Eng Verbandsgemeng ass eng Gebittskierperschaft, déi aus engem Verband vun e puer Membergemenge besteet, déi hir bestëmmt Aufgaben iwwerdroen hunn. A Rheinland-Pfalz heeschen dës Memberen Uertsgemengen. Déi eenzel Membergemenge behale fir de Rescht awer hir rechtlech Selbststännegkeet.

Dëse Konzept vun der Kompetenzzesummeleeung ass an Däitschland d'Reegel, d'verbandsfräi Gemenge sinn éischter an der Minoritéit. Zu Lëtzebuerg ass et awer just de Contraire, do sinn déi a Regionalverbänn organiséiert Gemengen, déi vun de Synergië vu sou engem Verwaltungsverband profitéiere wëllen, ëmmer nach d'Ausnam.

Streng geholl gëtt de Begrëff Verbandsgemeng just a Rheinland-Pfalz an a Sachsen-Anhalt offiziell gebraucht. Mä an anere Bundesländer gëtt et ganz änlech Ariichtunge wéi déi vun de Verbandsgemengen, an déi da just aner Bezeechnungen hunn.