Vendresse
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Wopen-Departement-Ardennes.png Ardennes
Arrondissement Charleville-Mézières
Kanton Nouvion-sur-Meuse
Postcode 08160
Gemengecode 08469
Koordinaten 49° 36’ 17’’ N
      04° 47’ 41’’ O
Fläch  4 322 ha
Bevëlkerung  494 (2010)

Vendresse ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Ardennes an der Grand Est.

VerkéierÄnneren

StroossÄnneren

D'Uertschaft ass iwwer zwou Departementsstroossen un de Stroosseverkéier ugeschloss, an zwar d'D333 an d'D12.

EisebunnÄnneren

Bis Uganks vum Zweete Weltkrich war Vendresse iwwer zwou Schmuelspurbunnen un d'franséischt Eisebunnsnetz ugeschloss. Um Territoire vun der Gemeng waren dräi Halten an zwar Terron-lès-Vendresse a Vendresse op der Streck vu Poix-Terron op Raucourt an eng zu La Cassine op der Streck fir op Le Chesne.

SchëffsverkéierÄnneren

De Canal des Ardennes mécht d'Verbindung tëscht dem Canal de la Meuse mat Uschloss zu Pont-à-Bar an dem Canal latéral à l'Aisne mat Uschloss tëscht Vieux-les-Asfel an Neufchâtel-sur-Aisne.

BillerÄnneren

Kuckt ochÄnneren