Varadero ass eng Stad op der Nordküst vu Kuba a läit an der Provënz Matanzas.

D'Plage vu Varadero ass mat hiren 12 km Längt, déi gréisst Plage vu Kuba.

Varadero ass en Touristenuert a seng Hoteller, Restauranten, Baren an Discoe verdeele sech op enger Längt vun 19 km iwwer d'Hallefinsel Hicaco.

Am Joer 1887 war Varadero e klengt Duerf, vun deem haut nach just wéineg ze gesinn ass, wéi z. B. d'Kierch Elvira oder e 500 Joer ale Risekaktus op der Punta del Rincón Francés.

Kuckeswäertes änneren

  • Retiro Josone, e Park mat engem kënschtlesch ugeluechte Séi
  • Cueva de Ambrosio, eng Hiel, déi 1962 entdeckt gouf, an där gutt erhalen alamerikanesch Fielsenzeechnunge sinn
  • Museo Municipal

Um Spaweck änneren

Commons: Varadero – Biller, Videoen oder Audiodateien