Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Vang Vieng (Lao: ວັງວຽງ) ass eng Stad an der Provënz Vientiane, am Laos, tëscht Luang Prabang a Vientiane. 2015 hunn do 20.930 Leit gelieft. Vang Vieng läit um Floss Nam Song, engem Niewefloss vum Nam Lik, dee sengersäits an de Mekong leeft. Ronderëm si markant Karstbierger, mat Grotten a Lagunen.

Vang Vieng vun engem Ballon aus.

Dat mécht d'Stad zu enger Touristenattrsktioun.

An der Zäit vum Vietnamkrich hat d'US-Arméi do eng Airbase.

Zanter 2020 huet Vang Vieng Uschloss un déi éischt Autobunn am Laos, de Vientiane-Boten Expressway, an zanter 2021 un d'Eisebunnslinn Boten–Vientiane.

Biller änneren