Den V838 Monocerotis (kuerz V838 Mon) ass eng Liichtkräfteg Rout Nova am Stärebild Monoceros. Si läit ongeféier 6,1 Kiloparsec (20.000 Liichtjoer) vun der Äerd ewech an huet eng visuell Magnitude vu 15,74 mag.

V838 Monocerotis
Den V838 Monocerotis
Foto:HST vum 17. Dezember 2002)
Stärebild: Monoceros (Mon)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 7h 04m 04,85s
Deklinatioun - 3° 50' 51,1"
visuell Magnitude + 15,74 mag
Spektralklass: M6.3I
verännerleche Stärtyp
Astrometrie
Radialvitess: ? km/s
Parallax ? mas
Distanz zirka 20.000 Lj
Absolut Hellegkeet +6,18 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: ? M☉
Radius: - R☉
Liichtkraaft: - L☉
Uewerflächentemperatur 3.270 K
Aner Bezeechnungen
Guide Star Catalog GSC 04822-00039
IRAS IRAS 07015-0346
Ausbreedung vum "Liichtecho"

D'Bezeechnung V838 Monocerotis bedeit "838. verännerleche Stär vum Monoceros".

Ausbroch änneren

Am Ufank vum Joer 2002 gouf e staarken Hellegkeetsausbroch observéiert, dee sech eventuell als Mergerburst bei der Verglousung vun engem Duebelstäresystem erkläre léisst. Den Ausbroch gouf de 6. Januar 2002 vum N. J. Brown entdeckt. Duerch e Verglach mat Archivbiller hat een erausfonnt, datt hien ëm den 1. Januar 2002, no de Fotoe vum J. Bedient geschitt ass. Den éischten Ausbroch war relativ onspektakulär an ze vergläiche mam Verhalen vun engem Stär vum Typ Nova.

Den zweeten Ausbroch gouf den 2. Februar 2002 zu Innsbruck an onofhängeg dovun e puer Stonne méi spéit an der Tscheschei an a Polen entdeckt. Säi Liichtecho gouf de 17. Februar um US Naval Observatory entdeckt an hat am Ufank duerch seng séier Expansioun zu Feelaschätzung, nämlech datt den Objet nëmme ronn 700 Parsec ewech läit, gefouert.

Duerch den Ausbroch gouf de Stär an e puer Deeg zéngdausend mol méi hell wéi virdrun an domat méi hell wéi all aner Stäre an der Mëllechstrooss.

Haut ass bekannt, datt sech de Stär op enger Distanz vu ronn (6100 ± 800) Parsec befënnt. Dozou goufen zwou onobhängeg Miessmethode erugezunn.

Den Hubble-Weltraumteleskop konnt zanter dem 9. Februar 2002 ongeféier 120 Fotoe maachen. Déi bis elo lescht staamt vum 28. September 2009 a gouf mam laangwellege Filter F814 am ufänklechen infraroude Liichtspektrum opgeholl. D'Astronomen erwaarden, datt Liichtreflexioune vum Ausbroch nach bis 2010 ze gesi sinn.

No der Supernova 1987A ass dëst dat zweet Evenement, bei deem a spektakulärer Aart dat vu Material an direkter Ëmgéigend vum Stär produzéiert Liichtecho opgeholl konnt ginn. Liichtechoe sinn zanter laangem een an der Fachwelt intensiv genotzten Hëllefsmëttel fir d'Ënnersich vu variabeler Stäre a goufe schonn dacks observéiert.

Duerch Radioobservatioune vun de CO-Linne konnt den Urspronk vum fir d'Liichtecho verantwortlecht Matière erausfonnt ginn. Et handelt sech ëm eng Molekülwollek déi d'V838 Mon-Grupp ëmkreest. Zu der V838-Mon-Grupp gehéieren nieft dem Nummsgiewer nach op d'mannst dräi fréi Stäre mat der Spektralklass B3 bis B6 an de B3-Begleeder vu V838 Monocerotis. Well sech d'Molekülwollek trotz der intensiver Ultraviolettstralung vun de fréie1re Stäre nach net opgeléist huet, kann dat maximalt Alter vun der Wollek an domat vun V838 Mon op manner wéi 25 Millioune Joer geschat ginn.

De V838 Mon hat bei deem Ausbroch am Géigesaz zu Novae oder Supernovae kaum Matière mat héijer Vitess verluer, mä hat sech enorm opgeblosen an hat sech an e killen Iwwerris mat engem Duerchmiesser vun iwwer 1560 Millioune Kilometer verännert.

Vun 2004 bis 2006 hunn d'Observatioune Unzeeche vun engem bloe Begleetstär gewisen. Déi ëmmer méi wäit ausdeenenten Hüll schéngt am Dezember 2005 de Stär erreecht ze hunn.[1] Schliisslech hat d'Hüll am Oktober 2006 Dimensiounen erreecht, bei där de Begleeder total verschléckt gouf.[2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: V838 Monocerotis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://www.astronomerstelegram.org/?read=803
  2. http://www.astronomerstelegram.org/?read=966