Vältesdag

Dag vun de Verléifte

De Vältesdag, deen de 14. Februar a ville Länner gefeiert gëtt, ass den Dag vun de Verléiften. D'Koppele profitéiere fir sech duuss Wierder ze schécken a sech Kaddoen ze maachen als Beweis vun hirer Léift, grad wéi rout Rousen als Zeeche vun der Leidenschaft.

Wikipedia-Logo fir Vältesdag

De Brauch vun dësem Dag geet op een oder méi chrëschtlech Märtyrer mam Numm Valentinus zeréck. Am warscheinlechste bezitt e sech op de Valentin vun Terni, deen am 3. Joerhonnert n. Chr. Bëschof an der italieenescher Stad Terni war (deemools Interamna). Enger Iwwerliwwerung no huet en e puer Brautkoppele bestuet, dorënner och Zaldoten, déi awer op Uerder vum Keeser Jonggesellen hätte misse bleiwen. Dobäi soll en deene bestuetene Koppelen och Blummen aus sengem Gaart geschenkt hunn. De Keeser Claudius II. huet e schlussendlech de 14. Februar 269 wéinst sengem chrëschtleche Glawe käppe gelooss.

De Gedenkdag gouf vum Poopst Gelasius I. 469 fir déi ganz Kierch agefouert, eventuell och fir dat réimescht Fruchtbarkeetsfest vun de Lupercalia ze verdrängen, dat vum 13. bis zum 15. Februar gefeiert gouf. 1969 gouf Vältesdag awer nees aus dem réimesche Generalkalenner gestrach.

Zanter dem 15. Joerhonnert hu sech an England Välteskoppele forméiert, déi sech kleng Kaddoen oder Gedichter geschéckt hunn, an déi entweeder um Virowend duerch auslousen oder duerch den éischte Kontakt um Dag selwer zesummekoumen. Englesch Auswanderer hunn dee Brauch an d'USA matgeholl, vu wou en nom Zweete Weltkrich nees zeréck an Europa koum. Richteg bekannt a Kontinentaleuropa gouf en awer virun allem eréischt wéi d'Floristen an d'Zockerbäcker den Dag duerch massiv Reklamm forcéiert hunn.

Um Spaweck

änneren
Commons: Vältesdag – Biller, Videoen oder Audiodateien