Den Tuerm vun der Usselskirch, deen um Terrain vun der Gemeng Boust am Departement Moselle steet, gouf fir d'éischt am 11. Joerhonnert offiziell ernimmt.

Den Tuerm vun der Usselskirch

Den Tuerm war e Klackenturem vun enger romanescher Kierch, déi vu Benediktiner vun der Sankt Maximäin-Abtei vun Tréier opgeriicht gouf. An den Inventaireslëschte vun der Abtei vum Joer 1023 war d'Kierch als Lutzelen Kirche an 1182 als Lutzelenkiricha ze fannen.

Um Enn vum 18. Joerhonnert war se d'Parkierch vun enger Rëtsch Dierfer ronderëm, Boust, Breistroff, Boler, Évange, Haute- a Basse-Parthe a Roussy. Well d'Kierch riskéiert huet zesummenzefalen, gouf se 1880, bis op de Klackentuerm ofgerappt, an et gouf eng nei op der selwechter Plaz gebaut, där hire Klackentuerm duebel sou héich war. Déi nei hat e Schëff mat Plaz fir 600 Leit. Donieft goufen nach e Paschtoueschhaus an eng Schoul opgeriicht.

Am Mee 1940 gouf d'Kierch vun Artillerieschëss komplett zerstéiert. Just den alen Tuerm hat iwwerlieft. E gouf Monument historique klasséiert fir an de 70er Jore restauréiert ze ginn.

Vun de 14 Statioune vun engem Kräizwee, deen am 17. Joerhonnert aus Kalleksstee geha gouf, sinn der nach aacht erhalen. Déi stinn haut virum Tuerm.

Um Spaweck änneren