Ursus (Traktersfabréck Polen)
Ursus ass den Numm vun enger polnescher Entreprise, déi am Warschauer Quartier Ursus Traktere baut.
D'Firma, déi 1893 gegrënnt gouf, hat e grousse Succès mat hirem Modell Ursus C 45, engem Nobau vum Lanz Bulldog D 9506. Wéi de Bulldog hat den Ursus en Eenzylinder-Motor mat Gléikapp. De Motor hat en Hubraum vun 10 338 cm³, 32,9 kW (45 PS), an den Trakter konnt tëscht dräi a 16 Kilomter an der Stonn fueren.
Tëscht 1947 an 1955 sinn eng 60.000 Stéck vum C 45 gebaut ginn.
Um Spaweck
ännerenCommons: Ursus vehicles – Biller, Videoen oder Audiodateien |