Den Urban III., mam biergerlechen Numm Uberto Crivelli, gebuer ëm 1120 zu Mailand a gestuerwen den 20. Oktober 1187 zu Ferrara, war vum 25. November 1185 bis zu sengem Doud Poopst vun der Kathoulescher Kierch.

Urban III.
Gebuer 12. Joerhonnert jul.
Gestuerwen 20. Oktober 1187 jul.
Ferrara
Educatioun Universitéit vu Bologna
Aktivitéit Politiker, kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof
D'Wope vum Poopst Urban III.

Den Numm Urban bedeit: de Stater (Latäin).

Als Member vun enger Mailänner Famill stoung hien, wéi déi meescht Lombarden an Oppositioun zum Keeser Friedrich I. Barbarossa. Am Joer 1168 ass hien zum Archidiakon vu Burges a Mailand, duerno zum Bëschof vu Vercelli an den 9. Januar 1185 zum Äerzbëschof vu Mailand geweit ginn.

De 25. November 1185 gouf en zu Verona als Nofollger vum Poopst Lucius III. gewielt, deen de selwechten Dag gestuerwe war. Säin Amt als Äerzbëschof vu Mailand huet en iwwerdeems behalen.

Seng Versich, mam Keeser a friddlech Gespréicher ze kommen, hate keen Erfolleg. Beim Bestietnes vun der Costanza mam Trounfolger Heinrich VI. zu Mailand huet e sech vun zwéi Kardineel vertriede gelooss. Wéi d'Stad Cremona, mam Wësse vum Poopst, géint de Keeser revoltéiert huet, gouf se vum Barbarossa ënnerworf, dee mat der Ënnerstëtzung vun der däitscher Geeschtlechkeet ëffentlech de Poopst fir den Opstand verantwortlech gemaach huet.

Nodeem den Aflossberäich vum Poopst bal nëmmen nach op Verona beschränkt war, huet hien am Sträit mat der weltlecher Muecht noginn an ass op Venedeg gereest, wou sech grad an deem Ament d'Kräizfuerer versammelt hunn. Den Heinrich VI. hat zu dëser Zäit déi ganz Lombardei ënnerworf.

Den 20. Oktober 1187 ass den Urban III. zu Ferrara gestuerwen. De Verloscht vu Jerusalem un de Sultan Saladin, den 2. Oktober 1187 soll d'Ursaach vu sengem Doud gewiescht sinn.

Um Spaweck änneren

Virgänger   Nofollger
Lucius III. Lëscht vun de kathoulesche Peepst Gregor VIII.
Commons: Urbanus III – Biller, Videoen oder Audiodateien