D'Universitéit Dublin (englesch: University of Dublin) ass eng Universitéit an der irescher Haaptstad Dublin. Si gouf 1592 vun der Kinigin Elisabeth I. als „The College of the Holy and Undivided Trinity of Queen Elizabeth near Dublin“ gegrënnt an ass déi eelst Universitéit an Irland. De Bau gouf mat Spendegelder opgeriicht, d'Grondstéck, souwéi d'Ruine vum All Hallows Klouschter, goufe vun der Stad gestëft.

University of Dublin
Land Irland
Gegrënnt 1592
Um Spaweck https://www.tcd.ie/

Am Studiejoer 2003/04 goufe 15.428 Studente immatrikuléiert.

Um Spaweck änneren