Université de Mons
D'Universitéit Mons (franséisch: Université de Mons, kuerz UMONS) ass eng belsch franséischsproocheg Universitéit zu Mons. Nieft dem Campus zu Mons selwer gëtt et och nach e Campus zu Charleroi. Si ass 2009 duerch d'Fusioun vun der Universitéit Mons-Hainaut an der Ingenieursfakultéit Mons entstanen.
D'Universitéit ass a siwe Fakultéiten an an dräi Schoulen agedeelt:
- Faculté d'Architecture et d'Urbanisme
- Faculté de Médecine et de Pharmacie
- Faculté Polytechnique
- Faculté de Psychologie et des Sciences de l'Éducation
- Faculté des Sciences
- Faculté de Traduction et d'Interprétation - École d'Interprètes Internationaux
- Faculté Warocqué d'Économie et de Gestion
- École des Sciences Humaines et Sociale
- École de Droit
- Institut Langage
D'Universitéit Mons huet ëm déi 1000 Employéen (Fuerschung, Recherche, Enseignement, Administratioun, Ënnerhalt) an iwwer 5000 Studenten aus méi wéi 40 Länner.[1]
Um Spaweck
änneren- Websäit vun der Universitéit Mons: www.umons.ac.be
Referenzen
änneren- ↑ umons.ac.be: Presentation (gekuckt den 23. Januar 2015)