Union Station (Chicago)

D'Union Station ass déi gréisst Zuchgare vu Chicago. Si gouf 1925 opgemaach an huet en eelert Gebai aus dem Joer 1881 ersat. "Union Station" bezeechent eng Gare, op där méi wéi eng Gesellschaft hir Zuchlinne bedreift oder bedriwwen huet. Haut ass et déi eenzeg Gare fir Iwwerlandverkéier zu Chicago, an déi wichtegst vun der Stad, wat Regionalzich betrëfft. Si gehéiert der Amtrak a gëtt vun Zich vun Amtrak a vu Metra ugefuer. Bei der Grënnung hate véier Gesellschaften hiren Uschloss an där Gare.

D'Haaptfaçade

D'Union Station steet westlech vum Chicago River tëscht der West Adams Street an dem West Jackson Boulevard, just baussent dem Quartier Loop. Déi meescht Infrastrukturen, ë. a. d'Quaien, sinn ënnert dem Buedem, just d'Haapthal ass iwwer dem Buedem. D'Gleiser si mat Stroossen a Gebaier iwwerbaut.

D'Chicago Union Station ass no dem Grand Central Terminal an der Penn Station, béid zu New York, an der 30th Street Station vu Philadephia, déi véiertgréisst Amtrak-Gare an den USA, wat den Trafic ubelaangt. An der Moyenne gi pro Dag eng 120.000 Passagéier derduerch.

D'Union Station ass eng duebel Kappgare, mat 10 Gleiser déi vun Norden hier a 14, déi vu Süden hier kommen, an déi do hiren Terminus hunn.

D'Gare ass eent vun den architektonesch markantste Gebaier vu Chicago, a beandrockt duerch seng korinthesch Sailen, Sandsteefassad, marbers Biedem oder seng majestéitesch Haapthal.

Si ass d'Kuliss vu bekannte Filmer, ë. a. vum Alfred Hitchcock sengem North by Northwest a vum Brian De Palma sengem The Untouchables, wou de Comptabel vum Al Capone op der Trap erof op e Quai gepëtzt gëtt.

Um Spaweck änneren

Commons: Union Station (Chicago) – Biller, Videoen oder Audiodateien