Um leschte Lach päifen

D'Riedensaart "um leschte Lach päife" gëtt gebraucht fir auszedrécken, datt et engem gesondheetlech oder finanziell net gutt geet, oder och nach datt e Politiker mam Réck zur Mauer steet.

Originnen änneren

Viraals huet een an der Wiertschaft säi Béier a stenge Kréi zerwéiert kritt, wou een ni gesinn huet, wéi vill dann nach dran ass. Dofir ass vun Zäit zu Zäit iwwer den Hals vum Krou geblose ginn: wat den Toun méi déif, wat de Krou méi eidel. Wann de Krou ganz eidel war, dann huet een um leschten Toun, um leschte Lach gepaff.

Kuckt och änneren