Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Uljanowsk (op Russesch: Ульяновск, op Tataresch: Сембер/Sember, op Tschuwaschesch: Чӗмпӗр, op Ersjanesch: Ульянонь ош) ass eng Universitéitsstad am Oblast Uljanowsk am Wolga-Federatiounskrees a Russland. Si läit eng 875 km vu Moskau, op der Wolga, dem längste Floss vun Europa.

Uljanowsk
Land Russland
Federatiounskrees Wolga
Status Oblast
Regioun Uljanowsk
Gegrënnt 1648
Awunner 613.334 (1. Januar 2023)
Fläch 317
Koordinaten 54°19'N, 48°22'O
Zäitzon UTC+3
Telefonszon 8422
Postcode 432000–432999
Websäit http://www.ulmeria.ru/

Et ass d'Haaptstad vun hirer Regioun an huet 621.514 Awunner (Stand 2016).[1] D'Stad huet eng Fläch vun zirka 317 km².

Uljanowsk gouf am Joer 1648 vum russesche Bojar Bogdan Matwejewitsch Chitrowo a vum Diakon Grigori Kunakow als Sinbirsk (Синбирск) gegrënnt. Am Joer 1780 gouf d'Stad op Simbirsk (Симбирск) ëmbenannt, fir awer schonn 1924, nom Lenin (gebuer Uljanow) sengem Doud, nees eng Kéier den Numm ze changéieren, an zwar an Uljanowsk.[2]

Um Spaweck änneren

Commons: Uljanowsk – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Uljanowsk

Referenzen änneren

  1. Archive copy Archivéiert op 2016-08-12. Gekuckt de(n) 2016-06-26.
  2. http://federacia.ru/encyclopaedia/city/ulianovsk/