Uerschdref ass eng Uertschaft an der Gemeng Rammerech.

Uerschdref
Dächer von Arsdorf 01.jpg
D'Kierch iwwer den Diech vun Uerschdref (2015)
An anere Sproochen fr: Arsdorf
de: Arsdorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Coat of arms rambrouch luxbrg.png Rammerech
Buergermeeschter Toni Rodesch (CSV)
Awunner 340 [1] (01.01.2014)
Fläch 1.528,4828 ha[2]
Koordinaten 49° 51’ 38’’ N
05° 50’ 40’’ O
D'Entrée vun der fréierer Primärschoul zu Uerschdref

GeographieÄnneren

Uerschdref läit am Dall vun der Burbich op enger Héicht vu 418 Meter, Héicht op der Bréck vum CR309 iwwer d'Burbich. Soss ass d'Uertschaft nach un de Vekéier ugeschloss iwwer den CR313, deen op Heeschpelt féiert.

Déi fréier GemengÄnneren

Bis zur Gemengefusioun am Joer 1978 war Uerschdref eng eegestänneg Gemeng, an hat zwou Kadastersektiounen, an zwar Uerschdref a Bilschdref. Déi al Gemeng hat eng Fläch vun 1 881,6316 ha.

Tëscht 1946 an 1965 gouf et an der fréierer Gemeng Uerschdref eng Museksgesellschaft d'Fanfare La Patrie Arsdorf-Bilsdorf, och nach Déi Wëll genannt.

Déi Uerschdrefer MillenÄnneren

Am Laf vun der Zäit sinn et zu Uerschdref véier Mille ginn:

LiteraturÄnneren

  • 1965-1990, 25e anniversaire du Syndicat d'initiative Arsdorf Bilsdorf, 1990. Les éditions 33 66 99 luxembourg, 268 S. Cote BNL: LB 9357.

KuckeswäertesÄnneren

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Uerschdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Websäit vun der Gemeng
  2. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.