US-Monument vun Hermeton-sur-Meuse

D'US-Monument zu Hermeton-sur-Meuse erënnert un déi gefalen Zaldote vum 2. an. 3. Batailloun vum 60. US- Infantrieregiment vun der 9. Infantriedivisioun (1. US-Arméi). Op där Plaz, um lénksen Uwänner vun der Meuse, hunn déi amerikanesch Truppen, vum 25. September 1944 un, zwéin Deeg géint déi 2. Panzerdivisioun "Das Reich" gekämpft.

Stèle zu Hermeton

Monument besteet aus enger Stèle mat enger Tak op där d'Unitéiten opgezielt sinn déi ënner dem Kommandant Maj. Gen. J. Lawton Collins do mat den Däitsche gekämpft hunn, an no zwéin Deeg de Passage iwwer d'Meuse fräigemaach haten.

Nieft der Stèle steet e Sherman Firefly deen awer komescherweis mat enger 75 mm Kanoun ekipéiert ass. Enn Abrëll 2012 gouf den Tanks ewechgeholl fir am Arméismusée restauréiert ze ginn. E koum uganks 2015 nees mat engem neien Ustrach an engem neie Kampfnumm zeréck op seng Plaz.

De Sherman-Tanks zu Hermeton (2012)
De restauréierten Tanks (2015)