Den NGC 404 ass eng Zwerggalaxis vum Typ S0 am Stärebild Andromeda. Den NGC 404 huet eng visuell Magnitude vu +10,0 mag, eng Wénkelausdeenung vun 3,5' × 3,5 Bouminutten an ass ongeféier 11 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. Vun der Äerd aus gesinn, ass den NGC 404 nëmme siwe Bouminutte vum Stär Mirach (β Andromedae) ewech, woufir d'Galaxis geleeëntlech och als de „Geescht vum Mirach“ genannt gëtt.

Date vum NGC 404
Amateur-Foto vum NGC 404. Am lénksen ënneschten Eck ass e Stéck vum Mirach ze gesinn.
Stärebild Andromeda
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 01h 09m 27s
Deklinatioun +35° 43' 04"
Ausgesinn
Typ SA(s)0-
Visuell Magnitude +10,0 m
Visuell Magnitude (B-Band) +11,0 m
Wénkelduerchmiesser 3,5' × 3,5'
Flächenhellegkeet 12,8 mag/arcmin2
Physikalesch Daten
Gehéiert zu (isoléiert)
Distanz zirka 11 Millioune Liichtjoer
Routverrécklung -0,00016 ± 0,00003
Heliozentresch radial relativ Vitess -48 ± 9 km/s
Absolut Hellegkeet (B-Band) -16,5 M
Absolutten Duerchmiesser zirka 11'000 Liichtjoer
Mass zirka 3 · 1010 Sonnemassen
Katalognimm
NGC 404, UGC 718, PGC 4126, MCG +06-03-018, IRAS 01066+3527, ZWG 520.20, h 89, GC 218

Den NGC 404 gouf den 13. September 1784 vum Friedrich Wilhelm Herschel entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: NGC 404 – Biller, Videoen oder Audiodateien