Twisted Sister ass eng amerikanesch Heavy metal Band vun New York. Hiert Wierk fusionéiert d'Schock Taktike vum Alice Cooper, d'rebellesch Stëmmung vun der New Wave Of British Heavy Metal an d'extravagant Ausgesinn vu Glam Rock Bands wéi z. B. New York Dolls, besonnesch fir de Make-up.

De Grupp bei engem Optrëtt 2010 an Norwegen.

Wat d'Musek ugeet ginn Elementer vun traditionellen Heavy Metal Bands wéi Iron Maiden an Judas Priest an e Stil, deen dem fréie Glam Metal gläicht, benotzt. Déi éischt Verëffentlechunge ginn als Glam Metal kategoriséiert, obwuel d'Band net där Meenung ass.

D'Band gouf zwar schonn am Dezember 1972 vum Gittarist Jay Jay French gegrënnt, mä alleguer d'Lidder goufe vun 1976 u vum Dee Snider geschriwwen. Wéi de Snider dem Johnny Carson sot, war den éischten Numm fir d'Band "This". Aus Angscht datt Fans "This sucks" soen, gouf déi Iddi verworf. Hie beschreift d'Musek als "Slade trëfft Sex Pistols". Déi bekanntst Lidder sinn "We're Not Gonna Take It" an "I Wanna Rock". Si goufen duerch reegelméissegt Ofspillen op MTV an den 1980er populär. Vill vun de Lidder ginn Theme wéi Kanner géint Elteren a Konflikter a Kriticken um Schoulsystem un.

Aktuell Band Memberen änneren

  • Dee Snider – Gesang (1976–1987, 1997–)
  • Eddie Ojeda – Lead Gittar (1975–1987, 1997–)
  • Jay Jay French – Rhythmus Gittar, Hannergrond Gesang (1972–1987, 1997–)
  • Mark Mendoza – Bass Gittar, Hannergrond Gesang (1978–1987, 1997–)
  • A. J. Pero – Batterie, Perkussioun (1982–1986, 1997–)

Discographie änneren

Studio Albumen änneren

EPen änneren

Live Albumen a Kompilatiounen änneren

Singles änneren

Year Song US Hot 100 US MSR UK Singles Album
1983 "I Am (I'm Me)" - - 18 You Can't Stop Rock 'n' Roll
"The Kids Are Back" - - 32
"You Can't Stop Rock 'n' Roll" - - 43
1984 "We're Not Gonna Take It" 21 20 58 Stay Hungry
"I Wanna Rock" 68 35 93
1985 "The Price" - 19 -
"Leader of the Pack" 53 32 47 Come Out and Play
1987 "Hot Love" - 31 - Love is for Suckers

Um Spaweck änneren

Commons: Twisted Sister – Biller, Videoen oder Audiodateien