Den Tupou VI. (virdrun: ʻAhoʻeitu ʻUnuakiʻotonga Tukuʻaho), gebuer den 12. Juli 1959, ass zanter dem 18. Mäerz 2012 Kinnek vun Tonga. Hie gouf de 4. Juli 2015 gekréint.

Tupou VI.
Gebuertsnumm ʻAhoʻeitu ʻUnuakiʻotonga Tukuʻaho
Gebuer 12. Juli 1959
Nationalitéit Tonga
Educatioun University of New South Wales,
Universitéit vun East Anglia
Aktivitéit Diplomat, Politiker, Monarch
Famill
Geschwëster George Tupou V.

Hien ass de klenge Brudder vu sengem verstuerwene Virgänger, dem George Tupou V. Säi Papp war de Kinnek Taufaʻahau Tupou IV. 1982 ass den ʻAhoʻeitu ʻUnuakiʻotonga Tukuʻaho an déi tonganesch Marinn agetrueden a gouf 1987 Korvettekapitän. Vun 1990 bis 1995 war hie Commandant en chef vun der PPB Voea Pangai, déi zu där Zäit fir Friddensmissiounen a Bougainville am Asaz war. Tëscht 1988 an 1997 huet hien an den USA an an Australien Militärstrategie studéiert.

1998 huet hie mat senger militärescher Carrière opgehalen a gouf amplaz vu sengem Brudder Tupouto (dem spéidere George Tupou V.) Aussen- a Verdeedegungsminister (bis August/September 2004). Vum 3. Januar 2000 bis den 11. Februar 2006 war hien och Premierminister vun Tonga. Duerno gouf hien zum Krounprënz ernannt.