D'Tsai Ing-wen (chin. 蔡英文/蔡英文, Cài Yīngwén), gebuer den 31. August 1956 an der Gemeng Fangshan, an Taiwan, ass eng taiwaneesesch Politikerin.

Tsai Ing-wen
Funktioun
Presidentin vun Taiwan
16. Januar 2016 - 20 Mee 2024
Virgänger Ma Ying-jeou
Nofollger Lai Ching-te
Biographie
Gebuer 31. August 1956
Educatioun London School of Economics

Si war vun 2008 bis 2012, vun 2016 bis 2018 a vun 2020 bis 2022 Presidentin vun der Demokratescher Fortschrëttspartei (DPP). Si gouf de 16. Januar 2016 zu der neier Presidentin vun Taiwan gewielt an den 11. Januar 2020 erëmgewielt. Den 20. Mee gouf si vum Lai Ching-te ofgeléist.

Si gouf 2004 Member vun der DPP, kuerz Deputéiert, an du Vize-Premierministesch ënnert dem Premierminister Su Tseng-chang, bis zum Regeirungsrécktrëtt 2007. 2011 war si eng éischt Kéier Spëtzekandidatin fir Presidentschaftswalen, gouf awer dunn net gewielt.

Um Spaweck änneren

Commons: Tsai Ing-wen – Biller, Videoen oder Audiodateien