Trilingualismus (aus dem laténgeschen très, "dräi", a lingual, "Sprooch"), ass d'Bezeechnung fir den Zoustand vun eenzele Persounen oder enger Gemeinschaft, déi bei der alldeeglecher Kommunikatioun dräi verschidde Sprooche gebrauchen.

Situatioun zu Lëtzebuerg änneren

Lëtzebuerg ass an der Situatioun vun enger "Triglossie" (Méisproochechkeet); dat heescht datt am Lëtzebuerger Land dräi verschidde Sproochen offiziell unerkannt sinn: Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.

D'lëtzebuergesch Sprooch ass aus der westmuselfränkescher Mondart entstanen. No an no huet se sech zu enger eegestänneger Sprooch entwéckelt. 1984 gouf se als drëtt Amtssprooch nieft Franséisch an Däitsch unerkannt. Déi däitsch Sprooch huet sech duerch de Jang de Blannen ëm 1308 verstäerkt am fréiere Lëtzebuerg duerchgesat. Déi franséisch Sprooch huet sech wärend der burgundescher Herrschaft am 15. Joerhonnert staark agebiergert.

D'Triglossie-Situatioun ass et och schonn am lëtzebuergeschen Dokumentewiese ginn. Am Joer 1266 gouf et eng Institutioun, d'Rittergeriicht, dat sech aus Adlegen, Ritter a Grofen zesummegesat huet. Hir Aufgab war et, Besëtz-Lehnsrechtlech Ugeleeënheeten a Streitegkeeten ze léisen. Bis 1320 goufe laténgesch, a spéider och franséisch Dokumenter ugeluecht. Eréischt géint 1350 koum et, mam Jang de Blannen, zu muselfränkesch–däitschen Dokumenter. Verhandlungssprooch war awer sécher Däitsch. Op Latäin an op Franséisch ass geschriwwe ginn an op Däitsch ass verhandelt ginn. D'Rittergeriicht spigelt déi mëttelalterlech Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg perfekt zeréck.

D'Triglossie-Situatioun fënnt sech och nach haut zu Lëtzebuerg erëm. D'Kanner léiere scho vum éischte Schouljoer un Däitsch. Am zweete Schouljoer fänken se da mat Franséisch un. Wichteg z'ernimmen ass, datt d'Lëtzebuerger Land ee groussen Undrang vu Grenzgänger huet, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen. Sou ergëtt sech datt déi dräi Sproochen zu Lëtzebuerg all Dag geschwat ginn.