Transiting planets and planetesimals small telescope
Den Transiting planets and planetesimals small telescope och ënner dem Akronym TRAPPIST bekannt, ass e Projet vun der Universitéit vu Léck dee sech mat der Erkennung a Charakteriséierung vu Planéite baussent eisem Sonnesytem, a mam Studium vu Koméiten an anere klenge Kierper an eisem Sonnesystem befaasst.
De Projet gëtt vun der Aarbechtsgrupp Origins in Cosmology and Astrophysics am Universitéitsdepartement fir Astrophysik, Geophysik an Oceanographie bedriwwen a gëtt dobäi gréisstendeels vum Fonds de la Recherche Scientifique (FRS-FNRS) ënnerstëtzt.
Fir seng Aarbecht ze maache benotzt en zwéi robotiséiert 60 cm Teleskopen an zwar:
- Den Transiting planets and planetesimals small telescope-South am La-Silla-Observatoire vum Europäesche Südobservatoire am Chile, deen zanter 2010 operationell ass, an den
- Transiting planets and planetesimals small telescope-North am Observatoire vun Oukaïmeden am Marokko, deen de 6. Oktober 2016 ageweit gouf[1]
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Aweiung vum TRAPPIST-North Archivéiert de(n) 26.02.2017. Gekuckt de(n) 24.02.2017.