Tracy Chapman
US-amerikanesch Sängerin a Songwriterin
D'Tracy Chapman, gebuer den 30. Mäerz 1964 zu Cleveland, Ohio, ass eng US-amerikanesch Sängerin a Songwriterin.
Tracy Chapman | |
---|---|
Gebuer |
30. Mäerz 1964 Cleveland |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Liddermécher, Sänger, Stroossekënschtler, Komponist, Gittarist, Discographesche Kënschtler |
Si gouf bekannt duerch hiren Optrëtt beim Nelson Mandela 70th Birthday Tribute Concert den 11. Juni 1988 am Wembley-Stadion zu London, wou si fir de Stevie Wonder agespronge war, dee wéinst enger technescher Pann net sange konnt, an dobäi solo mat hirer akustescher Gittar e puer Lidder vun hirem Debut-Album gespillt huet. Am selwechte Joer ass si mam Peter Gabriel, Bruce Springsteen, Sting a Youssou N’Dour fir Amnesty International op Tournee gaangen.
Hir Texter sinn dacks sozialkritesch, de Stil ass Folk Rock.
Discographie
ännerenAlben
änneren- Tracy Chapman 1988
- Crossroads 1990
- Matters of the Heart 1992
- New Beginning 1995
- Telling Stories 2000
- Collection 2001
- Let It Rain 2002
- Where You Live 2005
- Our Bright Future 2008
Um Spaweck
ännerenCommons: Tracy Chapman – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit (engl.)