En Trëttbriet ass eng Konstruktioun un engem Gefier, déi aus engem oder méi Träppleke besteet an déi et erméiglecht fir méi einfach eran- an erauszeklammen.

Trëttbriet op enger Eisebunnsvoiture

Trëttbrieder huet ee bis an 1940er Joren u bal all Auto fonnt. Do goufe se net nëmme gebraucht fir eran-an erauszeklammen, mä dacks stoung do de Bidon mat der Bensinnsreserv drop oder d'Ersatzrad.

Soss fënnt een Trëttbrieder vun de verschiddenste Formen op Päerdskutschen, op Reesvoiturë bei der Eisebunn an och op de Waggone fir datt den Accrocheur am Rangéierdéngscht kann op der Ramm matfueren.