Bei der digitaler Fotografie gëtt den Tounwäertëmfang un, wéi vill Faarfinformatiounen e "Bild" enthale kann. E gëtt gemenkerhand a Bit ausgedréckt.

Den Tounwäertëmfang vun engem RGB-Bild besteet aus den dräi Faarfkanäl , rout, giel, blo mat jeeweils 8 Bit. Dat erméiglecht also 256 x 256 x 256 = 16.777.216 méiglech Faarfinformatiounen.

Den Tounwäertëmfang ass also den Ënnerscheed tëscht der hellstméiglecher an der däischterstméiglecher Plaz vun engem RGB-Bild.

Vill "blatzeg" Fotoe stame vu Fototapparaten, deenen hire Bildsensor den optimalen Tounwäertëmfang iwwerhaapt net ausnotze kann, an op déi Manéier déi dräi Faarfkanäl net komplett beluecht sinn. Eng Méiglechkeet, den Ëmfang, deen "do" ass, mat Hëllef vun engem Bildbeaarbechtungsprogramm wéi dem Adobe Photoshop unzepassen, fir all Faarfkanal eenzel.