Tommy Swerdlow

US-amerikanesche Filmschauspiller an -dréibuchauteur
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Tom "Tommy" Swerdlow, gebuer zirka 1962, ass en US-amerikanesche Filmschauspiller an -dréibuchauteur[1].

Tommy Swerdlow
Gebuer 1962
Nationalitéit USA
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Filmproduzent, Schauspiller, Filmregisseur

Hien huet seng Carrière als Filmschauspiller an den 1980er Joren ugefaangen a gouf mat Niewerollen a Filmer Howard the Duck (1986) a Spaceballs (1987) bekannt. Nodeem hie mat der Schauspillerei opgehalen huet, huet de Swerdlow seng Aktivitéit als Dréibuchauteur ugefaangen. Den Tommy Swerdlow war e Co-Dréibuchauteur vu Laangfilmer wéi Cool Runnings (1993), Little Giants (1994), Snow Dogs (2002)[2].

Bis 2007 war hien Heroinofhängeg [2]. Duerno huet de Swerdlow 2017 als Filmregisseur mat A Thousand Junkies debutéiert, an huet dee Film där Experienz gewidmet[3]. Fir A Thousand Junkies krut de Swerdlow e spezielle Präis um Alameda International Film Festival[4].

Filmographie (Auswiel) änneren

als Schauspiller änneren

als Dréibuchauteur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Fiche op IMDb (en)
  2. 2,0 2,1 https://news.avclub.com/read-this-the-guy-who-wrote-cool-runnings-and-little-g-1798239658
  3. https://www.hollywoodreporter.com/review/a-thousand-junkies-998118
  4. https://www.imdb.com/name/nm0842476/awards?ref_=nm_awd