Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Tina Welter, gebuer den 30. Januar 1993 zu Nidderkuer[1][2] ass eng lëtzebuergesch Handballspillerin. Si ass zanter 2017 Kapitänin vun der lëtzebuergescher Dammenhandballnationalekipp.[2]

Tina Welter
Gebuer 30. Januar 1993
Nidderkuer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Handballspiller
Gréisst 174 Zentimeter

D'Tina Welter huet 1997 an de Jugendekippe vum Handball Käerjeng ugefaangen.[3] 2013 ass si bei den TV Nellingen gewiesselt, dono bei den DJK/MJC Trier[3][4], fir ee Joer bei de VfL Waiblingen[5], an 2019[2][4] bis 2021 an de Bundesligaveräin Frisch Auf Göppingen.

2021 huet si hir professionell Handballscarrière op en Enn gesat. Fir d'Saisonen 2021-22 an 2022-23 spillt si nees beim Handball Käerjeng.[6]

Si ass geléiert Aide-soignante an zanter 2018 Sportzaldotin.[1]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Sarah Scholtes:"Mit Mut und Geduld. Tina Welter wechselt nach Göppingen in die deutsche Bundesliga und verwirklicht damit ihren Traum." Luxemburger Wort, 2019-09-12, S.37.
  2. 2,0 2,1 2,2 Frank Höhmann: "Tina Welter kommt aus Waiblingen." fa-frauen.de 2019-09-03, gekuckt 2020-05-04.
  3. 3,0 3,1 "Ein Kindheitstraum geht in Erfüllung." 5vier.de, 2015-04-21, gekuckt 2020-05-04.
  4. 4,0 4,1 Nico Tedeschwilli: "Auf zu den Miezen." revue.lu, gekuckt: 2020-05-04.
  5. "VfL Waiblingen verlängert mit Tina Welter." hbf-info.de, 2018-12-18, gekuckt 2020-05-04.
  6. "D'Tina Welter geet op Käerjeng." rtl.lu, 22.07.2021.