D'Timmelsjoch (it:Passo del Rombo) ass zanter 1919 e Grenzpass tëscht dem éisträichesche Bundesland Tiroul an der italieenescher Provënz Südtiroul.

D'Timmelsjoch

E verbënnt Sölden am Ötztal mat San Leonardo in Passiria am Val Passiria.

Den eigentleche Pass um fréiere Wee läit op enger Héicht vun 2.474 M.i.Adria. D'Héicht vun der neier Strooss déi 1968 fir de Verkéier opgemaach, a westlech vum Pass läit ass op der héchster Plaz 2509 Meter. Am Wanter ass de Pass zou an d'Strooss kann och net vu Camione benotzt ginn, ausser fir de lokale Verkéier, et kann ausserdeem nëmme vu moies 7 Auer bis owes 8 iwwer de Pass gefuer ginn.

Iwwer d'Timmelsjoch féiert den europäesche Wanderpad E5, Bodensee-Adria.

Déi zwou héich Plazen, tëscht deenen d'Timmelsjoch läit, sinn den Timmelsjochberg mat 2.970 Meter an d'Bankeralm mat 2.566 Meter.

Vu op Strooss vum Timmelsjoch an den Dall vun der Passer. Fotograféiert um Km 26

Um Spaweck änneren

Commons: Timmelsjoch – Biller, Videoen oder Audiodateien