Timm Thaler oder das verkaufte Lachen (Film)

Timm Thaler oder das verkaufte Lachen ass en däitsche Film vum Andreas Dresen aus dem Joer 2017. E baséiert um Roman Timm Thaler oder Das verkaufte Lachen vum James Krüss aus dem Joer 1962, an der Fernseeserie Timm Thaler déi am Joer 1979 als éischt Chrëschtserie am ZDF entstanen ass.

Timm Thaler oder das verkaufte Lachen
Film
Produktiounsland Däitschland
Produktiounsjoer 2017
Première 2. Februar 2017
Dauer 102 min
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Andreas Dresen
Dréibuch Alexander Adolph
Musek Johannes Repka
Schnëtt Jörg Hauschild
Produzent Oliver Berben
Schauspiller

Arved Friese als Timm Thaler
Justus von Dohnányi als Baron Lefuet
Axel Prahl als Behemoth
Andreas Schmidt als Belial
Jule Hermann als Ida Bebber
Charly Hübner als Kreschimir
Nadja Uhl als Yvonne
Steffi Kühnert als Lydia
Bjarne Mädel als Papp vum Timm
Fritzi Haberlandt als Madamm Bebber
Harald Schmidt als Hippodrom-Spriecher
Joachim Król als Erzieler
Heinz-Rudolf Kunze als Schouldirekter

Thomas Ohrner als Hotels-Concierge
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Wourëms geet et am Film? änneren

Den Timm Thaler geet am Ufank vum Film mat sengem Papp an den Hippodrom. Bei de Päerdscoursse-Wette hu se seele Gléck, a sou bleiwe se relativ aarm. Fir e Kinosbilljee mat der Patissiersduechter Ida geet et awer duer, an den Timm säin häerzhaft Laache bréngt am Kino de ganze Sall mat un d'Laachen.

Datt dat eng glécklech Zäit war gëtt dem Timm eréischt bewosst, wéi säi Papp sech nees bestit, a sech séier weist datt souwuel seng Stéimamm wéi säi Stéibrudder net déi léifst sinn, a säi Papp kuerz drop en plus nach bei engem Accident op engem Schantje stierft an him net méi zur Säit stoe kann. Vun nostalgesche Gefiller gedriwwe geet den Timm nach eng Kéier an den Hippodrom, wou en dem Baron Lefuet ("Teufel" vun hannen no vir gelies) begéint. Dee kënnt him iwwer déi nächst Wochen ëmmer méi no a keeft him schliisslech per Kontrakt säi Laachen of, géint d'Fäegkeet all Wett déi en ofschléisst ze gewannen.

Uganks fënnt den Timm deen Handel nach ganz gutt, well andeems e bei Päerdscoursë wett an déck Zommen akasséiert kënnt en net nëmmen aus dem finanzielle Misär mä ka sech sou och vu senger Stéimamm a sengem Stéibrudder fräimaachen. Mä mat der Zäit mierkt en, datt ee mat Suen net onbedéngt méi glécklech gëtt wann dat Tëschemënschlecht feelt, wat säi Laachen a seng Häerzlechkeet him bruecht haten. Doropshi setzt en alles dru fir säi Laachen nees erëmzekréien.

D'Moral vum Film ass: Glécklech sinn huet näischt dermat ze dinn, op een aarm oder räich ass.

Soss änneren

Den Thomas Ohrner, deen den Timm Thaler an der Fernseeserie gespillt huet, huet am Film en Optrëtt als Hotels-Concierge.

Wee genee kuckt, dee kann hannert dem Bakeboart vum Hippodrom-Spriecher den Harald Schmidt erkennen.

Um Spaweck änneren