DTierm vun Hanoi ass den Numm vun enger Denkaufgab aus der Mathematik fir d'Logik z'iwwerpréiwen.

Den Ëmbau vun den Tierm

Erklärung änneren

Et gëtt dräi Tierm an am Ufank sinn um éischten Tuerm véier Telleren, vu grouss (ënnen) op kleng (uewen) getässelt. D'Aufgab ass et elo, d'Telleren alleguer vum éischten Tuerm op den drëtte Tuerm ze kréien. Dobäi mussen awer follgend Reegele beuecht ginn:

  1. Et däerf just een Teller nom anere geréckelt ginn
  2. E klengen Teller muss ëmmer iwwer engem grousse Teller sinn (grouss ënnen, kleng uewen)
  3. Zum Schluss muss d'Reiefolleg um drëtten Tuerm déi selwecht wéi virdrun um éischte sinn

Originn änneren

D'Denkaufgab gouf 1883 vum franséische Mathematiker Édouard Lucas verëffentlecht. Dowéinst gëtt och heiansdo vu Lucas-Tierm geschwat. Hien huet sech dozou d'Geschicht ausgeduecht, datt indesch Mönchen am groussen Tempel zu Benares, am Mëttelpunkt vun der Welt, en Tuerm aus 64 gëllene Scheiwe versetze missten, a wann hinnen dat bis gelongen ass, dann ass d'Enn vun der Welt do. Et kann een ausrechnen, datt wann d'Legend wouer wier a wann d'Mönchen all Sekonn eng Scheif versetze kéinten, da wiere se fréistens a ronn 585 Milliarde Jore fäerdeg, wat ongeféier 45 Mol der Liewenszäit vun eiser Sonn entsprécht. An anere Versioune vun der Geschicht gëtt gesot den Tempel wier op anere Plazen, dorënner och Hanoi am Vietnam.

Um Spaweck änneren

Commons: Tower of Hanoi – Biller, Videoen oder Audiodateien